PoliceClient attackéiert Taxischauffer zu Haassel a 4 Kläppereien an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg de Moie fréi géint 5.20 Auer gouf een Taxischauffeur zu Haassel vu sengem Client attackéiert.
© RTL-Archiv

De Mann gouf zu Haassel ofgesat an huet sech dunn aggressiv géintiwwer dem Chauffer gewisen an e vernannt. En huet versicht, den Auto ze beschiedegen an ass op den Taxischauffeur lassgaangen, wéi dee versicht hat, de Mann ze berouegen.

Ee Polizist, deen um Wee op d'Fréischicht war, gouf Zeie vum Virfall an huet den Täter immobiliséiert.

Deen hat nämlech nach versicht, sech hannert d'Steierrad ze setzen a fortzefueren.

De Mann koum bis an den Arrest a gouf protokolléiert.

Vill aggressiv Leit och an der Stad

D'Police an der Stad hat an der Nuecht op e Samschdeg eng ganz Partie Asätz, well Leit openee lassgoungen.

An der Avenue de La Gare huet et géint 20.15 Auer domadder ugefaangen, datt an engem Café e Béier ëmgefall war. Doropshin huet ee Gaascht versicht, mat engem Stull op deen aneren anzeschloen. D'Police huet de Mann mat an d'Ausniichterungszell geholl. En hat och Marihuana bei sech a gouf protokolléiert.

Kuerz viru Mëtternuecht koum et zu enger weiderer Kläpperei virun engem Café am Garer Quartier. Wéi d'Police op der Plaz ukoum, waren do 2 Männer, déi sech zerklappt hunn. Deen een hat uewen guer näischt méi un an deen aneren en Hiem, wat ganz zerrass war an e Rimm am Grapp. Och si koumen an d'Ausniichterungszell.

Géint 5 Auer hunn d'Beamten nees missten an der Avenue de la Gare intervenéieren. Hei ware Leit an engem Fast-Food-Restaurant uneneegeroden. Se goufen erausgehäit. Ee vun hinnen huet sech Baussen nach sou opgefouert, dass e vun der Police matgeholl gouf. En hat Kokain bei sech a gouf dunn och protokolléiert.

Géint 6 Auer gouf et dann nach eng Kläpperei am Parking Bouillon. Hei gouf eng Persoun blesséiert an huet nach missten op der Plaz traitéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO