Kritik vu fräiwëllege PompjeeënCIS Beetebuerg net zefridde mam neie Site

RTL Lëtzebuerg
D’Beetebuerger Pompjeeën an déi vun Diddeleng ginn op engem Terrain an der Industriezon Riedgen zesummegeluecht.

CIS Beetebuerg net zefridde mam Site / Rep. Nadine Gautier

Déi Decisioun hunn de CGDIS an den Inneministère geholl. Eng Decisioun, déi awer der Beetebuerger Gemeng an och de Fräiwëllegen vum CIS Beetebuerg sauer opstéisst, wéinst dem Site, wou den Zenter hikënnt, mä och, well hir Propose fir een Terrain mol net consideréiert gi wier. Et hätt keen Dialog bestanen, ass et de Reproche.

PDF: Oppene Bréif vum CIS Beetebuerg

Back to Top
CIM LOGO