Kee mam Auto mathuelenChauffeur ass no Accident zu Flatzbuer fortgelaf

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass den Accident e Freideg de Moie géint 06.40 Auer op der N23 bei Flatzbuer. E Camion an eng Camionnette krute sech ze paken.
© RTL

De Chauffeur vun der a Frankräich immatrikuléierter Camionnette huet sech direkt nom Accident mam Camion zu Fouss aus dem Stëbs gemaach. Bei der Sich vun der Police, wou och Hënn an den Asaz koumen, konnt de Mann net fonnt ginn.

Persounen, deenen e Freideg de Moien e Mann zu Flatzbuer oder Ëmgéigend (Wolwen-Kietscht, Pärel, Rombech a Maartel) opgefall ass oder dëse souguer mam Auto kéinte matgeholl hunn, solle sech bei der Police Dikrech/Veianen um 244-801000 oder um 113 mellen.

D'Police betount, dass an der Géigend kee mam Auto soll matgeholl ginn an d'Police z'informéieren, wann engem eng Persoun géif opfalen.

Back to Top
CIM LOGO