
Mee d’Chambre des Salariés wëll duerch hir "Note iwwert de Logement" der Regierung och Recommandatioune mat op de Wee ginn, wou ee kéint usetzen, fir de Problem deels an de Grëff ze kréien. Wärend d’Salairen tëscht 1995 an 2016 am Joer just ëm 2,8 Prozent geklomme sinn, ass et beim Logement eng Explosioun par Rapport zu der normaler Präisentwécklung. Den Direkter vun der CSL, de Sylvain Hoffmann schwätzt vu 6 Prozent pro Joer. Déi meescht déi drënner leiden, sinn déi, déi finanziell manner gutt opgestallt sinn. 2 vu 5 ginn un, datt se de Logement nëmme schwéier droe kënnen. Bei de ronn 18 Prozent vun de Leit, déi dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn, schwätze 64 Prozent vun enger Surcharge duerch de Logement.
Well et en dréngenden Handlungsbedarf gëtt, huet d’CSL an hirer Note iwwert de Logement eng Rei Léisungsvirschléi ausgeschafft. D’CSL proposéiert, net nëmmen Terrainen duerch eng Reform vum Impôt foncier ze mobiliséieren. De Moment kéime just 0,1 Prozent vum PIB heiriwwer eran, dat sinn 38 Milliounen. Géif een den Impot foncier upassen, kéinten et esouguer 824 Milliounen Euro u Recettë sinn. Donieft misst den FIS, den Fond d’investissement specialisé reforméiert ginn. Dëst wier een Instrument wat d’Situatioun am Beräich verschäerfe géif.
Wat d’Loyeren ugeet, wëll d’CSL, datt d’Garantie locative just 1 Mount ass an net wéi bis elo 3 Méint. D’Subvention Loyer misst reforméiert ginn, dat heescht un d’Hausse vun de Loyeren ugepasst ginn. Si ass och plafonéiert, och do misst een dru goen. Bei de Loyere gëllt e Plaffong vu 5% vum Capital d’investissements. Do géif et och keng richteg Kontroll ginn.
Zu Lëtzebuerg gëtt et ee Potentiel foncier vun 2.900 Hektar fir eng Valeur vun 20 Milliarden Euro. 2.100 Hektar gehéiere ronn 15.000 Persounen. 1 Prozent vun den Besëtzer vun den Terrainen, dat si ronn 159 Persounen, hu 25 Prozent vum Potentiel foncier. Heescht 159 Persounen hunn Terrainen an der Gréisst vu 403 Hektar. Géif een hei adequat a cibléiert Mesuren huelen, fir Terrainen op de Marché ze bréngen, da géif nëmmen ee klenge Grupp vu Leit concernéiert sinn, huet et de Mëttwoch de Moie geheescht. Ma ee wierklechen Interêt vun deene géif et net ginn, fir Terrainen ze mobiliséieren.