Nowéie vun den IwwerschwemmungenCapacitéiten iwwerlaascht, vill Sperrmüll kann aktuell net verbrannt ginn

Tim Morizet
Eng Partie Gemenge goufen no den Iwwerschwemmunge vun deem ville Sperrmüll iwwerrannt. Dëst huet Auswierkungen op d'Aarbecht beim Sidor.
© RTL

Et wier nach ëmmer schwéier anzeschätzen, wéi vill Offall no den Iwwerschwemmungen an de leschte Wochen entstane sinn, esou den Offall-Gemengesyndikat Sidor. Konsequenz awer vun der Naturkatastroph ass, datt déi ganz "déchets encombrants" den Ament zu groussen Deeler net kënnen eliminéiert ginn. Dat huet awer e Grond.

D'Gemenge wieren déi lescht Woche quasi mat neiem Sperrmüll iwwerrannt ginn. Dëse kënnt - a ville Fäll - duerno bei de Sidor op de Site zu Leideleng, wou d'Material vun enger privater Entreprise verbrannt gëtt. Generell sinn dat eng 140 Camionen den Dag.

„Mir hunn an engem normale Mount 1.000 Tonne Sperrmüll d'Woch vun all eise Gemengen. Am Mount Juli, wou dann déi Iwwerschwemmunge waren, hate mer 4.000 Tonnen. Innerhalb vun enger Woch sinn dat 3.100 Tonne méi Sperrmüll ewéi soss an enger normaler Woch", erkläert d'Pauline Van Wissen, d'Direktesch vum Sidor.

Capacitéiten, déi méi héich sinn, ewéi een normalerweis unhëlt. Am Prinzip kee Problem – generell kënnen an 2 Bunkeren eng 10.000 Tonnen un "déchets encombrants" stockéiert ginn, mä "de Problem ass, datt mir am September d'Revisioun vun eisen Anlage geplangt hunn. D'Revisioun bedeit, datt d'Anlag wärend 3 Wochen net leeft."

3 Wochen net verbrennen, heescht, et muss alles deen Ament stockéiert ginn, fir datt d'Gemenge weider kënnen oprafe kommen. Heescht, de Sperrmüll vun den Iwwerschwemmunge gëtt den Ament an de Gemengen tëschegelagert.

„De Sigre war selwer méi geplot mat der Gemeng Rouspert-Mompech, well et do ganz vill Schued gouf. Do ass ganz vill Sperrmüll ugesammelt ginn. Si sammelen deen elo an hirer Deponie am Muertendall fir eng Zäitchen. Wann zu Leideleng da Capacitéite fräi ginn, baue mir de Stock of. De Bierger kritt heivunner awer näischt mat."

Dat Ganzt soll keen Impakt op de Rassemblement vun de groe Poubellen oder dem Sperrmüll hunn

Back to Top
CIM LOGO