Urteel an AppellCafé muss Loyer wärend der Kris net integral bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Hu Caféen a Restaurante wärend der Kris hir Loyere musse bezuelen? Déi Decisioun huet elo d'Geriicht an engem Fall geholl.

An enger Affär ëm e Café an der Stad huet d'Geriicht vu Lëtzebuerg an zweeter Instanz decidéiert: Jo, mä net integral.

Café muss Loyer net integral bezuelen / Rep. Fr. Aulner

An éischter Instanz hat d'Friddensgeriicht nach jugéiert, datt wärend dem haarde Lockdown, wärend der „fermeture administrative“, de Café guer kee Loyer misst bezuelen. Par contre misst de Café wärend deene Méint, wéi Restriktiounen d’Aktivitéiten just ageschränkt hunn, de ganze Loyer bezuelen. Donieft misst opgrond vun de Verspéidunge beim Loyer de Kontrakt resiliéiert ginn.

D'Urteel an Appell läit eis vir, a wéi ze liesen ass, hunn d‘Riichter elo d'Decisioun iwwert d’Resiliatioun op den Oktober verluecht, fir dem Locataire Zäit ze ginn, d’Arriéréen ze bezuelen. D'Zommen, déi de Café dem Locataire muss bezuelen, sinn ugepasst ginn. Sou musse fir d'Period vum 18. Mäerz bis de 26. Mee 2020 zum Beispill just 50% vum Loyer un de Besëtzer iwwerwise ginn. Fir d'Period vum 27. Mee bis de 9. Juni sinn et 85% vum Loyer. Fir déi verschidde Periode vun der Kris duerno ginn et Upassungen tëscht 50 a 75%, jee nodeem wéi strikt d'Restriktioune waren.

D’Riichter hunn e salomonescht Urteel getraff: an hiren Ae soll weder de Locataire, nach de Besëtzer eleng fir déi negativ ekonomesch Konsequenze vun den administrative Fermeturen, respektiv de Restriktiounen iwwert déi lescht Méint opkommen. Opgrond vum Code civil misste béid Parteie gudde Wëllen (bonne foi) weisen, wat eng gewëss Responsabilitéit a Solidaritéit géing bedeiten.

D'Riichter hunn d'Upassungen decidéiert mam Argument, datt de bail commercial vu Säite vum Besëtzer net ganz erfëllt war, andeems d'Locatairen hirer kommerzieller Aktivitéit guer net oder net ganz konnten nokommen. D'Locatairë mussen de Riichter no awer en Deel vum Loyer bezuelen, well se éischtens deelweis konnte weider schaffen. Zweetens, well et net um Besëtzer ass, fir d'Risike vun der Entreprise vum Locataire ze droen. An drëttens, well d'Locatairen "normalerweis" sollte kënne vun de finanziellen Hëllefe vun den Autoritéiten profitéieren, déi op d'mannst en Deel vun de Pertë sollte kompenséieren.

D'Urteel werft elo d'Fro op, ob déi Caféen a Restauranten, déi virun dësem Urteel an hiren Affäre verluer hunn, awer erëm kënne kloen, respektiv ob déi Betriber, déi hir Loyeren normal weiderbezuelt hunn, en Deel vum Loyer kënne vum Besëtzer zréckverlaangen.

Back to Top
CIM LOGO