Schlag op de KappBrutalen Iwwerfall op der Stater Gare

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg krut eng Persoun an der Rue Fort Elisabeth hiren Handy geklaut.

D'Affer gouf géint 16 Auer mat engem Schlag op de Kapp vun hannen ugegraff. Doropshin huet den Täter him den Handy aus dem Grapp gerappt a sech a Richtung Fort Bourbon duerch d'Bascht gemaach. Wéi et vun der Police heescht, hätt de Passant awer keng schwéier Blessuren dovugedroen.

Back to Top
CIM LOGO