Bandekriminalitéit zu LëtzebuergBrutal Iwwerfäll an hir Suitten, en trauregen Temoignage

RTL Lëtzebuerg
Ëmmer nees ass am Policebulletin vun Iwwerfäll a Vollen ze liesen, bei deenen dacks och Gewalt am Spill war. Ob dës Fäll zougeholl hunn?
Brutal Iwwerfäll an hir Suitten
Ëmmer nees ass am Policebulletin vun Iwwerfäll a Vollen ze liesen, bei deenen dacks och Gewalt am Spill war. Ob dës Fäll zougeholl hunn?

D'Bandekriminalitéit ass a bléift aktuell e Problem zu Lëtzebuerg. Nieft der Police, déi sech mat ëmmer besser preparéierten Täter muss auserneesetzen, sinn et och d'Bierger, déi et um Terrain ze spiere kréien. Den Tim Morizet an d'Lynn Cruchten hu bei betraffene Persounen nogefrot an iwwert hir Erfarunge geschwat.

Iwwerfall zu Esch / Reportage Tim Morizet

A just e puer Minutte war et geschitt.

Et war géint 20 Auer a mir waren eppes iessen. Nom Iessen hate mer bemol 4 Leit hannert eis. Mir hunn net direkt reagéiert, et waren alt 4 Persounen op hirem Vëlo. A wou mer eis déi nächste Kéier ëmgedréint hunn, si se all komm. Et waren der bemol vill méi a se hunn eis direkt ugefaangen ze stoussen an eis auserneen ze zéien. Dräi mat deem een an den Eck, dräi mat engem aneren.“

4 géint 15. Et war nach gutt hell am Juli zu Belval bei den Héichiewen, esou de jonke Student, deen anonym bleiwe wëll. Widderstand leeschte wollten hien a seng Kolleegen net, et war d'Angscht, massakréiert ze ginn. Et gouf mam Messer gedreet. Ee vun der Jongen hat der direkt e puer kritt.

Ech hat Angscht ëm mäi Liewen. Si soten och, wann ech eng falsch Beweegung géif maachen, géif ech gepickt ginn. Da krute mer alles geklaut a dunn hu se sech ëmgedréint a sote mir sollen näischt soen, net „spigéieren“.

D'Brutalitéit an d'Zouhuele vun den Déifställ vun Aueren, Ketten oder soss Wäertsaachen op der oppener Strooss ginn zu engem Problem, bestätegt och d'Police. D'Aggresseuren an dësem Fall hu Lëtzebuergesch geschwat, ware kaum Volljäreg an zum gréissten Deel nordafrikanescher Ofstamung.

Dee Wäissen huet nach gesot, en hätt net richteg getraff, an do huet en nach eng Kéier nogeschloen. Dat ass u mech gaangen. Gott sei Dank hu se mäi Fils net geschloen. Se hu säi Keelkapp zougedréckt gehat. En huet wéi laang net gutt Loft kritt.

Esou d'Mamm vum Affer. Ee vun den Iwwerfall-Affer hätt de Brëll futti an d’Nues bluddeg geschloe kritt.

E puer Deeg no Nationalfeierdag zum Beispill gouf en 28 Joer ale Mann Affer vu Gewalt beim Hamilius an der Stad. De Papp hat an engem Lieserbréif déi uerg Blessuren am Gesiicht vu sengem Bouf beschriwwen an d’Politiker an déi verantwortlech fir d’Sécherheet dozou opgeruff, endlech eppes z’ënnerhuelen, och wann an dësem Fall d’Täter konnt gestallt ginn.

© Extrait vum Lieserbréif am Lëtzebuerger Wort vum 14. Juli

Weder den Iwwerfall um Belval nach deen an der Stad waren den Dag drop am Policebulletin ze liesen. Op Nofro hin confirméiert d’Police awer béid Fäll.

Et wier net ze beleeën, ob et effektiv méi Aggressiounen deen Ament géif ginn, ewéi nach déi Jore virdrun, seet och de Policeminister Henri Kox. D'Aggressioune wiere do, mä de Fokus misst virun allem op d'Preventioun gesat ginn.

Benotze vu Gewalt ass net acceptabel. Dat sinn déi Voleten, wou mir intervenéieren. Op der anerer Säit ass awer och d'Gesellschaft gefuerdert, bei der Preventioun ze hëllefen, bei de soziale Strukturen nozebesseren. Dat si Komponenten, déi zesumme gräife mussen.

D'Brutalitéit, déi weider zouhëlt an der Bandekriminalitéit a wéi ee se besonnesch hannert eise Grenzen, ewéi an Holland, konstatéiert, wéilt ee zu Lëtzebuerg mat allen Méiglechkeete verhënneren.

An deem Sënn géif d‘Police verstäerkt präventiv a repressiv Kontrolle maachen. De Leit gëtt iwwerdeems geroden, op hir Wäertsaachen opzepassen a wa friem Persounen opdränglech ginn, haart ëm Hëllef ze ruffen a wann néideg, direkt den 113 ze kontaktéieren.

Back to Top
CIM LOGO