
Et ass kengem eppes geschitt, mä op der Plaz waren ënner anerem d'Asazzentere vu Konsdref, Iermsdref, Jonglënster, Miedernach a Waldbëlleg.
Keng Blesséierter och bei engem Kichebrand um 20.55 Auer zu Hoen um Flouer.
An der Nuecht op e Samschdeg um 1.30 Auer dann hat et zu Diddeleng an der Zoufftgener Strooss geknuppt. 2 Autoen hate sech ze pake kritt. Et gouf ee méi liicht Blesséierten.
Och bei engem Accident um 2.45 Auer zu Dikrech an der Avenue de la Gare gouf eng Persoun méi liicht verwonnt.