
D'Pompjeeë vu Péiteng an d'Ambulanz vun Esch waren op der Plaz.
Zu Féiz an der rue Théodore de Wacquant hat quasi ëm déi selwecht Zäit e Gaardenhaischen gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued. D'Pompjeeë vu Monnerech hunn d'Feier geläscht.
Kuerz no Hallefnuecht huet an der Escher Strooss an der Stad dann nach eng Poubelle gebrannt.
E Méindeg géint 8.35 Auer koum et op der Streck Schandel Groussbus zu engem Accident, bei deem en Auto an e Gruef gerutscht ass. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vu Réiden an d'Pompjeeë vun Useldeng waren am Asaz.