Date-Leak beim Srel?Bettel präziséiert: War just méiglech, well Persoun beim Staat geschafft huet

RTL Lëtzebuerg
Duerch hir Aarbechtsplaz hat déi besote Persoun Accès op den internen a geschützten informatesche Reseau.
© AFP

Et kann net Rieds goe vun engem Date-Leak oder engem Incident. Et gouf zu kengem Ament d'Méiglechkeet, vu baussen op Donnéeën um staatleche Server zréckzegräifen an doduerch geschützt ginn, dat äntwert de Premier Xavier Bettel op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, dee vum Ressortminister weider Prezisioune wollt kréien, wéi et dozou komme konnt, datt eng Persoun, déi bei de Geheimdéngscht wollt schaffe goen, eng Lëscht vu ronn 80 Leit opstelle konnt.

De Staatsminister erkläert, datt de Concernéierte just an de Reseau era konnt kommen, well hie beim Staat geschafft huet an duerch seng Funktioun en Accès an den internen, geschützten informatesche Reseau hat. D'Duerstellung, datt hei eng Privatpersoun mat einfachste Mëttel un d'Informatioune komme wier, wier falsch.

Dem Xavier Bettel no hätt de Geheimdéngscht awer seng intern Mesurë fir d'Protektioun vun de Mataarbechter dorobber hi verschäerft.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO