Vereedegung am JuniBen Streff wëll an der Chamber "300 Prozent ginn" fir d'LSAP

Lynn Cruchten
Nodeems d'Paulette Lenert an de Staatsrot gewiesselt ass, wäert fir de Ben Streff um Krautmaart e Stull fräi ginn. Den LSAP-Politiker huet ambitiéis Pläng.
Ben Streff wëll an der Chamber "300 Prozent ginn" fir d'LSAP
Nodeems d'Paulette Lenert an de Staatsrot gewiesselt ass, wäert fir de Ben Streff um Krautmaart e Stull fräi ginn.

Als Deputéierte misst een 200 Prozent ginn. Dat hat de Ben Streff am Januar als Invité vun der Redaktioun bei eis um Radio gesot. Den LSAP-Ost-Politiker hat deemools am Interview kritiséiert, datt munch Sozialisten an der Chamber net genuch un der Parteiaarbecht interesséiert wieren a keng Presenz um Terrain géife weisen. De Ben Streff hat ugangs dës Joers als LSAP-Parteimanager opgehalen an och säi Posten als President vum Bezierk Osten opginn.

Am Gemengerot zu Bäerdref ass hien zënter 2023. An do bleift en och. Och wann elo en neien Challenge usteet. Mam Depart vun der fréierer Ministesch Paulette Lenert, déi vun der Chamber an de Staatsrot wiesselt, gëtt bei der gréisster Oppositiounspartei nämlech e Stull um Krautmaart fräi. An dee wäert dann ebe vum Nächst-Bescht-Gewielten am Osten, dem Ben Streff besat ginn. Den 31 Joer ale Politiker, deen zënter 17 Joer bei de Sozialisten aktiv ass, seet, e Mandat wier ni säin Haaptzil gewiescht. Nawell wéilt hien als zukünftegen Deputéierten 300 Prozent ginn.

"Ech hu mer net als 14-Järege gesot, ech wëll onbedéngt an déi Chamber, mee ech wollt eppes änneren. Ech wollt fir déi Chancëgerechtegkeet antrieden. Ech wollt fir d’Leit eppes maachen, aktiv Politik maachen, en Deel vun der grousser LSAP sinn. Ech si gär bei de Leit um Terrain. Dat mécht mer Freed an dofir maachen ech dat och ganz gär, fir mech fir d’Leit, fir d’Biergerinnen a Bierger anzesetzen. Och dat ass meng Prioritéit Nummer 1. Politik fir d’Biergerinnen a Bierger ze maachen. Net fir grouss Ideologien ze vertrieden oder am Abstrakten ze bleiwen, am Theoreteschen, mee fir wierklech konkret praktesch Saache pragmatesch ëmzesetzen. An dofir wëll ech mech och an der Chamber asetzen. Fir d’Leit, fir d’Biergerinnen a Bierger, awer och fir de Bezierk Osten, deen heiansdo ze kuerz kënnt."

De Ben Streff dierft viraussiichtlech an der Woch vum 8. Juni als neien LSAP Deputéierte vereedegt ginn. Um Krautmaart wëll hie sech ënner anerem fir de Logement an d'Independanten asetzen. Den Oste läit dem Bäerdrefer Gemengeconseiller awer natierlech och um Häerz.

"Ech denken notamment un eng Schwämm, déi hei zu Bäerdref feelt, déi hei am Mëllerdall feelt. D'Kanner aus dëser Gemeng ginn net méi schwammen, léieren net méi Schwammen an der Schoul. An dat kann net sinn. Ech mengen, do ass e wichtegen Akzent zum Beispill, wou ech mech wëll asetzen. An dann natierlech och den ëffentlechen Transport, wou weider Verbesserunge musse kommen."
 
Trotz Verbesserungspotential géif hien als Bäerdrefer Jong gär a senger Gemeng wunnen. Hien ënnersträicht déi grouss Liewensqualitéit, déi schéin Natur an d’Veräinsliewen. Hie selwer war als Kand an der Musek an ass och lo nach do aktiv. Zäit mat de Kolleegen ze verbréngen ass dem Ben Streff och immens wichteg. A mat deene géif en och mol gär Fussball op Freiburg kucke goen.

Elo awer mol erwaarden hien a seng LSAP-Fraktioun nei Erausfuerderungen an der Chamber. Hie wäert wuel all d’Dossieren a Kommissioune vu senger Virgängerin iwwerhuelen, mee d’Ekonomie ënner anerem géif hien intresséieren. Iwwert d’Paulette Lenert sot de Ben Streff nach, si hätt en exzellente Match gemaach an hie wéilt dat esou weiderféieren. Warscheinlech just mat méi Presenz um Terrain.

Back to Top
CIM LOGO