Froestonn an der ChamberBelsch-Lëtzebuerger Batailloun? Et gëtt eng Etüd gemaach

RTL Lëtzebuerg
D’Lëtzebuerger an d’belsch Defense ënnerschreiwen am August eng Deklaratioun, fir eng Etüd ze maachen, ob e gemeinsame Batailloun géing Sënn maachen.

Dat sot de Verdeedegungsminister François Bausch um Donneschdeg an der Chamber op eng Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

Sollten déi 2 Länner decidéieren, dat ze maachen, géing sou e Batailloun fréistens 2028 Realitéit ginn.

Reaktioun Accident zu Bartreng

Wa jidderee sech un de Code de la route géing halen, wier esou en Accident, wéi zu Bartreng en Dënschdeg, net passéiert, sou de François Bausch.

An der Froestonn an der Chamber ass hie vum DP-Deputéierte Max Hahn a vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo op dësen Tëschefall ugeschwat ginn. Eigentlech dierft een nämlech ni op de Schinne stoe bleiwen, ma just driwwer fueren. Wann een awer a sou eng Situatioun géing kommen, an där een op de Schinne géing stoen, sollt een einfach duerch d’Barrière fueren, déi wiere sou gemaach, dass se da briechen.

Zil wier et awer, d’Barrièren no an no duerch méi sécher Alternativen z’ersetzen, dofir géing et och e Programm fir déi nächst Jore ginn. An de leschte 5 Joer wieren et 8 Tëschefäll bei Passages à niveau ginn, bei deene Gefierer op de Schinne stoungen.

Impfzertifikat fir Studenten am Ausland

De Santésdirekter kann an eenzele Fäll Impfzertifikater fir Studenten ausstellen, wa si am Ausland geimpft goufen, do awer keen Zertifikat kréien.

Dat sot d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert en Donneschdeg de Mëtten, an der Äntwert op eng Fro vum CSV-Deputéierten Jean-Paul Schaaf. Net all EU-Memberstaat wier d’selwecht séier d’selwecht gutt opgestallt gewiescht, fir Zertifikater auszestellen, esou d’Ministesch, ma bis ewell hätt een nach all Kéier eng Léisung fonnt.

Kerosin-Steier

Lëtzebuerg ass fir eng Kerosin-Steier op europäeschem Niveau, sou de François Bausch, an an deem Sënn hätt een och nach virun e puer Deeg zesumme mat der Belsch a mat Éisträich e Bréif un d’Kommissioun geschéckt, datt si Efforten an déi Richtung ënnerstëtzen. Et wieren och nach aner europäesch Länner, déi dofir wieren, déi awer net mat ënnerschriwwen hätten, ënner anerem well si nëmme geschäftsféierend Regierungen hätten am Ablack. De Mobilitéitsminister mécht sech keng Suergen, datt d’EU sech doduerch op internationalem Niveau Nodeeler verschaaft, d’EU hätt do schonn e gewësse Poids, fir déi aner mat ze zéien.

Suivi vu Patiente mat psychesche Problemer

Gi Patiente mat psychesche Problemer och no hirer initialer Behandlung adequat suivéiert? Och dat war eng vun de Froen an der Chamber. Besonnesch ronderëm Spideeler, esou d'CSV-Deputéiert Francoise Hetto-Gaasch, wiere vill Persounen ënnerwee, déi psychiatresch Problemer hunn, psychotesch sinn a sech och opfälleg behuelen. Dës géifen de Leit am Public Angscht maachen. D'Police kéint an dësem Fäll näischt maachen, well se just dann agräifen dierft, wann en trouble public géif virleien.

D'Strukture vun der Psychiatrie extra-hospitalières, de konventionéierte Zenter, konnt seng Patiente weider wärend der Pandemie behandelen, preziséiert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Et wiere bis ewell och net weider Demanden erakomm. Och beim CHNP an, an der stationär Psychiatrie landeswäit gouf et och net méi Betrib ewéi déi Jore virdrun. Net all Patient wier en danger public, ewéi dat vun der CSV géif ugedeit ginn, esou d'Ministesch. Et wieren, ënner anerem fir déi Intresséiert och medezinesch Teleconsultatiounen an der Pédo-Psychiatrie ugebuede ginn.

Och der Police wiere keng gréisser, respektiv nei Problemer bekannt, esou nach de Policeminister Henri Kox.

Back to Top
CIM LOGO