Bis elo war dat limitéiert op d’Mataarbechter aus dem Digitalisatiounsministère an aus der Fonction publique. Vun en Dënschden un ass de Site zu Schieren fir d’Agenten aus all de Ministèren op. Déi al Schoul zu Schieren, läit direkt bei der Gare, sou datt ee kamoud mam Zuch dohinner kënnt, et kann een awer och de Bus oder den Auto huelen. Parkplaze ginn et och. Op 186 Metercarré si fuschnei Büroen ageriicht.
D’Zil ass et, datt Leit, déi méi wäit vun der Stad ewech wunnen, net bis op de Ministère selwer musse fueren, seet de Jean-Paul Marc, hien ass Premier Conseiller de Gouvernement am Ministère vun der Fonction publique.
“Mir verspriechen eis dovunner, datt d’Liewensqualitéit vun eise Mataarbechter sech verbessert andeems se net méi sou vill Zäit am Verkéier an am Stau verbréngen an duerch deen Zäitgewënn si mer iwwerzeegt, datt hir Motivatioun an d’Luucht geet an natierlech denke mer och un eis Ëmwelt. Mir wëssen natierlech och, datt manner gefuere Kilometeren och manner CO2-Emissiounen ausmaachen.”

An deene leschte Woche waren déi 20 Plazen zu Schieren net ausgelaascht. Zwou bis véier Persounen d’Woch hu vun do aus geschafft. D’Gebai gehéiert iwweregens der Gemeng, déi et miwweléiert un de Staat verlount an de Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes ass zefridden, datt vun der nächster Woch un d’Auslaaschtung dierft klammen, och wann een no deenen éischte Woche scho positiv Réckmeldungen aus dem Commerce kritt hätt.
“Do ass et kloer, datt mer elo sécher sinn, datt mat där Decisioun, fir et elo nach méi opzemaachen, och op Mataarbechter vun deenen anere Ministèren awer nach eng Auslaaschtung kritt, déi och méi héich ass wéi elo an deene leschte Méint.”
De Coworking Büro zu Schieren soll net deen eenzegen am Land bleiwen, dat huet de Minister vun der Fonction publique, de Serge Wilmes ënnerstrach.
“Mir sichen nach weider Coworking Spacen. Dofir hu mer elo mol d’Gemengen aus dem Süden an aus dem Osten ugeschriwwen. Do wou och déi meeschten Agente wunnen an och eng grouss Zuel vu Frontalieren, déi beim Staat schaffen, kéinten a Fro kommen, fir dovunner ze profitéieren. Et ass e gudde Pilotprojet un dee mer gegleeft hunn an dee mer elo wëllen ausbauen.”
Nieft dem Coworking bleift och d’Méiglechkeet vum Teletravail bestoen. Wéi vill ee vun doheem oder aus dem Coworking dierf schaffen, gëtt beim Staat ënnerschiddlech gehandhaabt. Am Ministère vum ëffentlechen Déngscht ginn d’Leit gefrot, 40 Prozent vun hirer Aarbechtszäit um Ministère ze sinn. Dee Modell recommandéiert een och deenen anere Ministèren.