Quartier BelvalBei de Sinterbecken eng Plaz fir d'Leit schafen

Christophe Hochard
Um Belval, do wou fréier d'Héichiewe gedämpt hunn a Generatioune vu Leit hiert d'Brout verdéngt hunn, entsteet zanter bal 20 Joer e fuschneie Quartier.
Esch/Belval: Bei de Sinterbecken eng Plaz fir d'Leit schafen
Esch/Belval, do wou fréier d'Héichiewe gedämpt hunn a Generatioune vu Leit hiert d'Brout verdéngt hunn, entsteet zanter bal 20 Joer e fuschneie Quartier.

Zesumme mat deenen 2 Kamäiner erarennen d'Sinterbecken un Zäit, wou hei d'Héichiewe gedämpt hunn. Am Juli 1997 war domadder definitiv Schluss. No der Rockhal am Joer 2005 an den éischte Wunnengen 2008, wäert vum nächste Joer un ronderëm de Square Mile geschafft ginn. Hei sti Sinterbecke vun der fréierer Schmelz. Explikatioune vum Marie–Josée Vidal, Presidentin vun Agora:

Extrait Marie-Josée Vidal

Et war wichteg, fir ronderëm de Becken den industrielle Charakter vum Site z'erhalen an do ronderëm eng Plaz ze schafen, wou d'Leit kënnen zesummekommen. Déi ganz Corona-Kris huet gewisen, datt wann een dicht baut, an dat ass de Fall um Belval, ass et wichteg, datt ee Plazen huet, wou d'Leit kënnen zesummekommen a sech am fräie Raum treffen.

Aktuell gëtt de Quartier Sud um Belval fäerdeg amenagéiert. Hei um Square Mile entsteet och e neie Quartier. Wichteg wär et, dass d'Leit sech kéinten am freie Raum treffen a nei Energie tanken. Bis 7.000 Awunner kenne spéider um Belval wunnen. Aktuell sinn et der 3.500 6.000 Studente ginn et um Belval an eng ronn 10.000 Aarbechtsplazen.

2003 goufen déi éischt Stroossen a Reseauen um Belval installéiert. 2027 dierften all d'Aarbechte fäerdeg sinn.

Back to Top
CIM LOGO