Alkoholkontrolle vun der PoliceBei 402 Kontrolle war 3 Mol de Permis op der Plaz fort

RTL Lëtzebuerg
Vun e Mëttwoch 21.30 Auer bis en Donneschdeg de Moie fréi 2.30 Auer huet d'Police op diverse Plazen am Land Alkoholkontrolle gemaach.

Zu Miersch, zu Lëntgen, op der N7, um Houwald, an der Route de Thionville an der Stad, am Eecher Bierg an an der Bouneweger Strooss hunn am Ganze 402 Persoune missen en Alkoholtest maachen. 20 Tester ware positiv, dobäi gouf et 11 Mol eng gebürenflichteg Verwarnung, 9 Leit goufe protokolléiert an an 3 Fäll war der Permis op der Plaz fort.

An der Route de Luxembourg zu Diddeleng ass iwwerdeems en Donneschdeg géint 1.20 Auer en Automobilist opgefall, deen ze séier ënnerwee war. Wéi d'Police de Mann gestoppt huet, huet sech erausgestallt, datt en ze vill gedronk hat. De Permis war direkt fort an de Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO