"Geheim Dossieren"Bausch: Regierung bereet, neit Dateschutzgesetz auszeschaffen

RTL Lëtzebuerg
Nom Debakel en Dënschdeg an der Chamber ginn d'Debatten e Mëttwoch am Nomëtteg an eng weider Ronn.

Nom Remmidemmi en Dënschdeg an der Chamber, wou d'Oppositioun de Plenarsall verlooss hat wéinst dem ominéise geheime Casier bei Police a Justiz, waren et e Mëttwoch de Mëtten Explikatiounen vun der Regierung zum Sujet.

Oppositioun verléisst Chamber: "Inzenéiert Empörung" esou d'Majoritéitsparteien nom Eclat De Police a Verdeedegungsminister François Bausch huet als éischt d’Wuert ergraff an ënnert anerem ënnerstrach, datt et 8 Gesetzer ginn, déi eleng d’Police betreffen, an deenen Referenzen dra stinn, fir de Contrôle des antécédents ze maachen.

De François Bausch huet awer och betount, datt hie léiwer méi Dateschutz huet, wéi manner an datt hie gäre bereet ass, un engem weideren Text ze schaffen, dat wier awer an esou engem komplizéierten Dossier net an 3 Méint méiglech.

Datt misst, esou de Minister, dann awer och en Text sinn, deen déi concernéiert Instanzen nach ëmmer schaffe léisst.

De François Bausch ass iwwerdeems dovunner iwwerzeegt, datt et och nach Problemer bei aneren Datebanke gëtt.

“Et kéint een net verlaangen, datt beim neien Dateschutzgesetz a senger Komplexitéit, 11 Méint nodeems et a Kraaft getrueden ass, schonn alles sou ass wéi et soll sinn." De François Bausch behaapt souguer, datt et nach ganz vill aner Datebanke gëtt, och am Privatsecteur, déi nach net konform mam Dateschutzgesetz sinn.

Geheim Dossieren an der Chamber - Rep. Dany Rasqué

De Justizminister Felix Braz huet präziséiert, datt méi dacks “méi” gekuckt gëtt, wéi just de Casier.

Usus wier dat zum Beispill beim Gesetz iwwert de Gardiennage. Ier eng Persoun eng Waff géif kréien, géif esouguer de Comportement vun der Persoun gekuckt ginn, déi doriwwer eraus bei der Police nach e Questionnaire misst ausfëllen.

Hëtzeg Debatten an der Chamber - Rep. Pit Everling

Wann d’Chamber awer elo der Meenung wier, datt an Zukunft en toutes matières, an all de Ministèren, just nach soll de Casier gëllen, da misst een eng ganz Rei Gesetzer änneren a kloer präziséieren, datt et just nach ëm de Casier geet. De Felix Braz geséich do awer Problemer, zum Beispill beim Waffegesetz.

Da kéim ee vun enger strenger Legislatioun, déi dofir suergt, datt just Leit e Waffeschäin kréien, deenen ee ka vertrauen an eng Situatioun, wou vill méi Leit a Fro kommen, obwuel se Antecedenten hunn, déi net ganz rassurant sinn.

Domadder géif een zum Beispill an der Waffegesetzgebung bëssen an d’Richtung vun den USA goen.

Queesch duerch d'Reie gouf de Fait begréisst, datt d'Ministere Bettel, Bausch a Braz sech an der Plenière un d'Riednerpult gestallt hunn.

Grad esou waren all d'politesch Faarwe sech eens, datt et e Problem gëtt, dee muss opgeschafft ginn. Woubäi fir d'Oppositioun och nach ëmmer nach net all d'Froe beäntwert sinn. Virop fir d'CSV a fir den Deputéierte Gilles Roth.

Nodeems et bal 4 Stonne laang roueg erofgaangen ass, ass de Gilles Roth opgestanen an huet de Justizminister Felix Braz frontal attackéiert, et wier eng Frechheet, de Justizminister wéilt just Recht behalen. De Minister hätt keng legal Basis fir d'Chaîne pénale vun der Justiz, esou den CSV-Deputéierten.

Zesumme mam Laurent Mosar huet den Gilles Roth dem Justizminister virgehäit, dësen hätt op en Neits Feeler net agesinn an aneren dofir d'Schold ginn. De Minister huet awer betount, hie wier falsch verstane ginn. Hie misst awer op Reproche reagéieren, déi vis-à-vis vu Leit vun der Justiz gemaach géinge ginn an déi zum Deel verletzend gewiescht wären.

E gewësse generelle Mea Culpa verlaangt iwwerdeems den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry a schwätzt vun enger kollektiver Responsabilitéit.

Et hätt een dat Ganzt eigentlech ni wierklech am Grëff gehat, et wier lo Zäit dat ze änneren a firwat sollt ee just der Regierung dat iwwerloossen, firwat sollt net mol d’Parlament d’Initiative ergräifen, esou den Alex Bodry, dee fir déi Ausso fill Luef vun de Representanten an der Chamber krut.

Diskussioun an der Chamber / Resumé vum Pit Everling

Back to Top
CIM LOGO