Kongress déi GréngBausch: Grouss Reforme stiechen an de Startlächer

Tim Morizet
Monica Camposeo
En Donneschdeg den Owend gouf en neie Co-President gewielt. Den 28 Joer ale Meris Sehovic wäert zesumme mam Djuna Bernard d'Partei leeden.
Kongress Déi Gréng: Neie Co-President
Den 28 Joer jonke Meris Sehovic gouf mat 163 Jo géint 10 Nee Stëmmen zum neie Co-President vun "déi gréng" gewielt.

Beim drëtten Ulaf huet et da geklappt. Nodeems de Kongress vun déi Gréng zwee Mol huet misse verréckelt gi wéinst Corona-Restriktiounen, respektiv engem Verdachtsfall, war et en Donneschdeg den Owend zu Conter en digitaalt Rassemblement mat engem neie CO-Parteipresident an engem Iwwerraschungsgaascht, deen um Wee vun der Reconvalescence ass.

Kongress déi gréng / Reportage Tim Morizet

Et war de groussen Optrëtt vum Felix Braz, dee sech fir eng éischte Kéier der Ëffentlechkeet a senge Parteikolleege gewisen huet. Zanter sengem schwéieren Häerzinfarkt am Summer zejoert war et roueg ëm de fréiere grénge Justizminister ginn. An engem Videomessage, weist sech de fréiere Vizepremier awer optimistesch. Hie géif sech op de Kongress d'nächst Joer freeën an hoffen, souguer mat enger Ried Deel dierfen ze huelen.

RTL.lu: Déi ganz Ausso vum Felix BrazKaum iwwerraschend louch de Fokus vum Kongress dëst Joer op der Corona-Kris. Der Parteipresidentin, Djuna Bernard no géif de Fokus déi nächst Méint um Ausgläich vun alen, ewéi och nei entstanenen Inegalitéit leien.

D'Aarmut zu Lëtzebuerg klëmmt a mir mussen de Courage hunn, fir e Schrëtt méi wäit ze goen. An dat maache mir Gréng an den Aiden zum Logement. An dem konsequente Fërdere vum ëffentlechem Wunnraum. An de cibléierten Aiden fir d'Kultur. Mä och andeems mer d'Inegalitéite strukturell ënnerbannen.“

Si wieren den Ament als Regierungs- a Koalitiounspartner duerchaus um richtege Wee, huet de grénge Vizepremier gemengt. De François Bausch huet a senger Interventioun nach eng Kéier ënnerstrach, datt d'Decisiounen an d'Hëllefe wärend der Corona-Pandemie och eng gréng Handschrëft zou sech hunn.

An och wa dobausse gesot, oder suggeréiert gëtt, datt déi Gréng wärend der Corona-Kris als Regierungsmemberen net visibel gewiescht wieren, da muss ech drun erënneren, datt déi Gréng wichteg Ressorten haten, déi gemaach hunn, datt déi Reegelen, déi decidéiert goufen a ginn, fir datt mer gutt duerch déi Kris kommen, sief et Securité Interieur, vun der Justiz, am Logement, agehale goufen.“

De François Bausch

D'Legislaturperiod, wier wéi e Marathon, esou nach de Verglach vum François Bausch, an déi Gréng wieren eréischt bei Kilometer 15 vun 42 ukomm. Déi grouss Reforme géifen nach an de Startlächer, respektiv an der Preparatioun stiechen. D'Ausdauer wier do, zemools mat engem neien, jonke Co-President.

En Donneschdeg den Owend gouf den 28 Joer ale Meris Sehovic offiziell mat 163 Jo an 10 Nee-Stëmmen op sengem neie Posten ugeholl. De fréiere President Christian Kmiotek bleift de Gréngen awer weider an den Delegatiounen an op europäeschem Niveau erhalen.

RTL-NEWS: De Meris Sehovic war en Donneshdeg eisen Invité vun der Redaktioun

Back to Top
CIM LOGO