StatecBannent engem Joer ass de Chômage hei am Land ëm 1,8% geklommen

RTL Lëtzebuerg
15'036 Persoune waren op den 31. Oktober op der Sich no enger Aarbecht. Dat sinn der 263 méi (1,8%) méi wéi virun 1 Joer.

De Chômagetaux läit bei 5,3%. Dat schreift de Statec.

Knapp 2'400 Net-Residentë sinn och bei der ADEM ageschriwwen, 8,5% méi wéi virun 12 Méint.

4'320 Persoune waren am Oktober an enger Beschäftegungsmesure.

De leschte Mount waren awer och 3'244 nei oppe Plaze bei der ADEM gemellt, dat sinn der 15% manner wéi am Oktober zejoert. Am meeschte Leit ginn am Finanzberäich gesicht, an der Comptabilitéit an an der Informatik.

Am Ganze stoungen iwwer 7'300 Plaze bei der ADEM op, wou also Leit gesicht ginn.

PDF: Chômagezuele vum Oktober 2019 am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO