
D'Onzefriddenheet klëmmt nees bei villen Awunner an der Polvermillen. D'Aarbechten um fréieren Industriesite vun de Firmen „Secalt“ an „Express Nettoyage à sec“ si villen Residenten en Dar am Aen. Net nëmme géing Noperschaft verknascht ginn, et wéist een och net méi, wéini dëse Chantier géif op en Enn goen. Et sicht een d'Luucht um Enn vum Tunnel. Den Tim Morizet huet mat Awunner geschwat, an nogefrot, wou een dann elo drun ass.
Virun 2 Joer nach huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer op enger Informatiounsversammlung vun engem neie Kapitel fir de Quartier geschwat. E Chantier, mat deem een liewe misst. E Quartier mat vill Potential. Ma bis 2018 sollt de Chantier eigentlech ofgeschloss sinn. De Panneau mam Datum an der Entrée vum Site ass mëttlerweil awer verschwonnen. Wat bleift ass de Stepps, de Kaméidi an d'Ongewëssheet wéi et weidergeet.
D'Kommunikatioun tëscht Promoteur, der Ville de Luxembourg an den Awunner wier alles aneres ewéi ideal. Et wéisst ee gäre wou een drun ass, wéini de ganze Chantier eriwwer ass. Ma déi Äntwerten huet een och net bei der Stater Gemeng. Déi nächst Etappen, dorënner och déi provisoresch Bréck, fir d'Strooss an déi al Bréck z'entlaaschten, kënne räicht da gebaut ginn, wann de kontaminéierte Buedem fort ass.
Ma et gëtt Luucht um Enn vum Tunnel. Wéi de Promoteur RTL matgedeelt huet, krut een de 15. Juni déi lescht Autorisatioune vum Ëmweltministère, fir déi lescht 8 Prozent, an domat de staark kontaminéierte Buedem, ofzebauen. Am September soll et no 2 Joer mam leschten Deel vum botze lassgoen.