Police-BulletinAutomobilist bréngt Police-Beamten nawell un d'Staunen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch ass en Automobilist opgefall, deen direkt duerch e puer rout Luuchte gefuer ass, an dobäi och laanscht e Policeauto gefuer ass.

Net schlecht gestaunt huet eng Police-Patrull um Boulevard Royal an der Stad, wéi se bei enger rouder Luucht stoung, déi och op rout war, a vun hannen e Chauffeur ongebremst laanscht se gerannt koum, a weider 4 rout Luuchten net beuecht hat. De Mann gouf an der Neier Avenue ugehalen - hien hat däitlech ze vill gedronk a krut de Permis ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO