
Géint 17:20 Auer hat sech e Motocyclist um CR154 tëscht Alzeng a Siren bei enger Chute blesséiert. Am Asaz waren d'Ekippen aus den Asazzentre Stad an Hesper.
Zwee Autoe sinn eng gutt Stonn méi spéit um CR178 tëscht Zéisseng a Riedgen aneneegerannt, woubäi och eng Persoun verwonnt gouf, ëm déi sech d'Stater Secouriste gekëmmert hunn.
Géint 19:25 Auer dann en Asaz fir d'Rettungsekippe vu Beetebuerg an Diddeleng: Op der A3 Richtung Stad, tëscht dem Beetebuerger Kräiz e Léiweng ass en Auto géint e Grupp wëll Déiere gerannt. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt.
Zwee Blesséierter gouf et dann och géint 22:40 Auer op der A1 Richtung Tréier an der Sortie Kierchbierg. Hei sinn zwee Gefierer aneneegerannt. D'Stater Secouriste waren nees op der Plaz.