
De Chauffer wollt dat awer verhënneren an huet kuerz éiert et zur Kontroll koum, beschleunegt an ass a Richtung A1 gefuer, fir do op Tréier weiderzefueren. Wärend der Course poursuite huet de Chauffer probéiert, fir d'Policeween lasszeginn. Dobäi huet hien d'Gefier vun der Police och gerammt.
Duerch eng gutt koordinéiert Aktioun zesumme mat der Police vun Tréier konnt een den Auto mat däitsche Placke stoppen. Wéi sech erausgestallt huet, war de Chauffer alkoholiséiert.
Wéinst Rebellioun a fueren ënner Alkoholafloss gëtt elo géint de Mann ermëttelt.