An enger Lénkskéier hat d'Automobilistin d'Kontroll iwwert hiren Auto verluer an ass frontal an e Bam gerannt.
D'Streck huet musse komplett fir den Trafic gespaart ginn. Op der Plaz war ënnert anerem de Samu, grad ewéi och d'Ettelbrécker Pompjeeën.