HabschtAuto en Donneschdeg den Owend a Virgaart um Daach gelant

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg kuerz virun 20.30 Auer koum et am Agank vun Habscht zu engem Accident mat engem Blesséierten.

Den Auto ass aus Direktioun Stengefort an enger Kéier vun der Strooss ofkomm, krut do fir d'éischt de Rampli ze paken an ass ofgehuewen. De Won ass am Virgaart vun engem Eefamilljenhaus um Daach leie bliwwen.

Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. Weider Detailer sinn net gewosst.

© RTL Mobile Reporter

Fahrerflucht zu Miedernach

Wéi d'Police mellt, gouf hinnen en Donneschdeg um 23 Auer e flüchtege Chauffer gemellt. De Mann hat e geparkten Auto ze pake kritt an ass fortgefuer. Kuerz no Mëtternuecht gouf de Won op engem Parking zu Miedernach erëmfonnt. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.

Auto op der Kopp um CR101

E Freideg de Moie géint 8.50 Auer gouf et tëscht Garnech an Holzem en Accident, bei deem 1 Persoun verwonnt gouf. En Auto war hei op der Kopp gelant. D'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng war op der Plaz, grad wéi den Asazzenter vu Koler.

Back to Top
CIM LOGO