Parlamentaresch FroAusseminister Jean Asselborn kritt vun der Regierung de Réck gestäipt

RTL Lëtzebuerg
"D'Regierung steet hannert hirem Ausseminister, well hien eng wesentlech Roll an der Vertriedung vun de Lëtzebuerger Interessien no bausse spillt."
© AFP

Op dës blimmeleg Aart a Weis steet d'Regierung hannert dem Jean Asselborn, iwwert deen hat jo d'New York Times geschriwwen, datt eng Visitt vum US-Ausseminister Mike Pompeo net zustane komm wier, well den LSAP-Politiker den Ex-President Trump "e Verbriecher" genannt hat.

D'Nouvelle aus der amerikanescher Press kënnen d'Ministere Bettel an Asselborn net confirméieren, och géif de Lëtzebuerger Ambassadeur dowéinst net an de State Department convoquéiert.

Nach emol soen d'Ministeren, datt et eng kloer Relatioun tëscht dem Donald Trump sengen Aussoen an den Evenementer vum 6. Januar ginn huet, wéi de Kapitol vandaliséiert gouf.

All dat äntweren d'Ministere Bettel an Asselborn op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, dee gefrot hat, ob dem Jean Asselborn seng riichteraus Aussoen net dem Interessi vum Grand-Duché géife schueden.

Back to Top
CIM LOGO