
An der Nuecht op e Sonndeg gouf e Mann géint 3.10 Auer vun zwee frieme Männer an den Aarm geholl a bedrängt. No engem kuerze Schlag op d'Broscht hunn déi zwee de Mann vu sech ewech gestouss a sinn einfach weider gaangen.
D'Affer huet eréischt méi spéit gemierkt, dass d'Kette fort war. Déi zwee Onéierlech hu wuel dat Oflenkungsmanöver genotzt, fir dem Mann d'Ketten ze klauen.
Zu Esch / Place de la Frontière war dann um Sonndeg de Moie fréi (6.30 Auer) en Automobilist opgefall, dee vill ze séier duerch e Rond-point gefuer war. Den Automobilist gouf ugehalen an kontrolléiert. Dobäi huet sech erausgestallt, dass de Chauffer net nëmmen ze vill gedronk hat, ma en hat och just nach e Führerschäin fir op d'Schaff. De Chauffer gouf protokolléiert.