
Dës Etüd huet gewisen, dass am Laf vum Studium, d’Bereetschaft fir nees op Lëtzebuerg zréckzekommen, Schrëtt fir Schrëtt ofhëlt. Wärend vun de Medezin-Studenten aus den zwee éischte Joren ëmmerhin nach 95,5 % zréckkommen, sou sinn et bei deenen aus den zwee leschte Jore just nach 76,4 %.
Et kéint een also dervun ausgoen, dass 30 % herno net op Lëtzebuerg zréckkomme wäerten, fir hei als Dokter ze schaffen.
D’Alem huet an deem Sënn eng Rei Fuerderungen: D'Schafe vun enger medezinescher Fakultéit mat engem komplette Medezinstudium zu Lëtzebuerg, d'Erweidere vun der Formatioun fir medezinesch Spezialisatiounen hei am Land an d'Schafe vun enger Universitéitsklinik. Oder nach d’Upasse vun eisem Gesondheetswiesen un d‘medezinesch Fortschrëtter, fir weiderhin eng innovativ a qualitativ héichwäerteg Behandlungen ubidden ze kënnen.