
Datt d'Leit anstänneg fir hir Aarbecht bezuelt, d'Mënscherechter respektéiert a kleng Produzenten ënnerstëtzt ginn - dat ass de meeschte Participantë vun der Ëmfro wichteg.
D'Leit si gefrot ginn, ob se Fairtrade kennen, ob se et konsuméieren a wa jo firwat. An deem Kader gëtt een zimmlech positive Bilan gezunn. Fairtrade ass bekannt, och wa vill Leit nach net genee wëssen, firwat de Label steet a wou si un déi Produite kommen. Hei well een nach dru schaffen.