
Dat schreift de Logementsminister Henri Kox an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro, déi den LSAP Deputéierten Yves Cruchten gestallt hat. Dee wollt ënnert anerem och wëssen wéi vill Demanden refuséiert goufen a firwat.
Bësse méi wéi 800 Mol gouf et e Refus. A knapp der Hallschent vun de Fäll war de Grond dofir, datt de Loyer manner ewéi e Véierel vum Akommes ausgemaach huet. Eng 250 Mol war d'Akommes ze héich fir déi staatlech Hëllef ze kréien an an 160 Fäll hätt se manner ewéi 25 Euro d'Joer ausgemaach a gouf dowéinst refuséiert.
Jee no Situatioun läit d'Héicht vum Montant, deen ee ka kréien, tëschent 134 an 294 Euro de Mount.

3/4 vun den Demanden, déi gemaach ginn, gi bannent 50 Deeg traitéiert, schreift de Minister op Nofro hin. Bei 20 Prozent dauert et tëschent 50 an 100 Deeg a just an eenzelen Fäll dauert et méi wéi 100 Deeg. Et gëtt allerdéngs do d'Zäit gekuckt, déi et dauert vun deem Dag un wou d'Demande agereecht gëtt, bis eng definitiv Decisioun do ass. Et ginn deemno och déi Deeg matgerechent, déi verginn, wann den Aide au Logement eventuell nach zousätzlech Dokumenter freet.

D'lescht Joer hu 16 Prozent vun de potentielle Beneficiairen eppes bei hire Loyer bäigeluecht kritt.
Den LSAP Deputéierten Yves Cruchten wëll an deem Kontext wëssen, ob de Grond fir déi, wéi hie fënnt, bescheiden Zuel vu Beneficiairen, eventuell mat enger gewëssener administrativer Komplexitéit zesummenhänkt. De Minister mengt net, well d'Dossieren séier géifen traitéiert ginn an d'Zuel vun de Refusen och net héich wier. Fir datt méi Leit dovunner profitéieren, esou den Henri Kox, well säi Ministère op de Wee goen, fir déi Leit, déi fir déi staatlech Hëllef a Fro kommen besser driwwer z'informéieren, datt et déi Méiglechkeet gëtt.