
D’Regierung huet geäntwert, datt d’Koalitioun nach 3 Joer huet, mä am Koalitiounsaccord stéing néierens Corona-Kris.
An der Chamber war et en Donneschdeg d’Suite vun den Debaten no der Ried vum Premier ronderëm d’Corona-Pandemie. ADR, Lénk a Piraten an eenzel CSV-Deputéiert och, hunn – mat hire partei-eegenen Akzenter – op Problemer queesch duerch de Gaart higewisen… an hir Virstellunge fir d’Zukunft presentéiert.
Den ADR-Deputéierte Gast Giberyen huet ënnert anerem virun ze héije Staatsscholde gewarnt an d’Versprieche vun der Regierung, wat d’Steieren an d‘Dépensë betrëfft, a Fro gestallt.
D’Aussoe vun der Regierung „d’Staatsfinanze si gesond“, „mir maachen héisch Investissementer“ an „et gëtt keng Steiererhéijungen“ wäerten um Enn net stëmmen. „Dir wäert et an den nächste Méint a Jore gesinn“, sou de Gast Giberyen a senger, eegenen Aussoen no, „warscheinlech leschter Ried op dëser Plaz“.
Fir déi Lénk sinn d‘sozial Schwieregkeeten déi gréisst Gefor. Dem Deputéierte Marc Baum no géing d’Corona-Kris d’Ongläichheeten net verschäerfen, well dës wieren och ouni Pandemie gewuess. D’Kris géing se just méi däitlech weisen a „wann d’Informatiounspolitik vum Familljeministère vum Corinne Cahen e bësse méi transparent wier, ewéi déi vum Kreml, wéisste mer elo och warscheinlech, datt och op de Sozialbüroen op de Gemengen ëmmer méi Leit ëm Hëllef froen“.
Och d’Piratepartei mengt et soll net esou virugoen, ewéi virun der Kris. De Staat misst d’Transformatioun vun der Ekonomie – nohalteg an digital – vill méi resolut ënnerstëtzen. 2008 wieren 18% vum PIB mobiliséiert gi fir d’Banken ze retten. Elo an der Corona-Kris géinge 14 bis 15% vum PIB fir d’Betriber an d’Leit mobiliséiert ginn. „Dat ass en Ënnerscheed“, sou den Deputéierte Sven Clement.
De Premier konnt op d’Kriticken a Froe vun der Oppositioun agoen. Dir d'éischt emol huet de Xavier Bettel e "Brouhaha" ausgeléist, well seng éischt Remark war, d’CSV wier esou nervös, wéi nach ni a se hätt besser, sech net op Sondagen ze baséieren.
Wéi et sech berouegt huet, ass de Xavier Bettel op puer Froen agaangen. Wat d’Finanz-, Schold- oder Steierfroen ugeet, huet hien d’Oppositioun opgefuerdert, de Leit keng Angscht ze maachen. De Staat wäert seng Rechnungen, seng Paien a seng Pensioune bezuelen, sou de Premier.
Um Schluss vu senger Deklaratioun war et dann de Saz: „Deen dee mir elo seet "wat maacht dir déi nächst 2 oder 3 Joer", ech kann Iech elo scho soen: mir hunn nach 3 Joer fir dës Koalitioun. Minimum“. Wat awer net am Koalitiounsaccord steet, dat ass eng Corona-Kris, sou nach de Premier.