ComexbuAm Logement sollen d'Gesetzer a Reglementer entstëbst ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Chamber-Budgetskontrollkommissioun (Comexbu) fuerdert kuerzfristeg Nobesserunge bei de Gesetzer a Reglementer am soziale Wunnengsbau.

D'Definitioun vun de verschiddene Wunnengen - sozial, erschwénglech, Locatioun oder Vente - soll méi kloer definéiert ginn an d’Roll vun de verschiddenen Acteure besser openeen ofgestëmmt ginn. D'Comexbu seet sech duerch e Spezialrapport vum Rechnungshaff bekräftegt.

Comexbu/Reportage François Aulner

Dem Rapporter vum Rapport iwwert de Rapport, dem LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo no kéinten elo scho kuerzfristeg Detailer modifiéiert ginn, wéi beispillsweis "bei gläicher Subventioun, vergläichbar Loyeren", sou wéi d’Definitioun vun de verschiddene "Segmenter". Wat d’Gesetz vun 1979 ugeet, do geet awer en "Toilettage" net duer, sou de Mars Di Bartolomeo. Do wier eng fundamental Revisioun néideg, déi een net kéint iwwert de Knéi briechen.

De soziale Wunnengsbau misst iwwerdeems fir de laangjäregen LSAP-Politiker "eng absolut Prioritéit ginn", dovunner wier hie "fundamental iwwerzeegt". Effektiv ass de Lëtzebuerger soziale Wunnengspark mat 1,6% véiertleschten an der OECD. Holland ass op éischter Plaz mat 34,1%.

De Mars Di Bartolomeo zielt vill op déi nei Verfassung, an déi d’Recht op en Daach iwwert dem Kapp soll agemeesselt ginn. Dat wier eng "staark Obligatioun" fir d’ëffentlech Hand an d’Wirtschaft.

Back to Top
CIM LOGO