Zweetheefegste Risikofacteur fir KriibsAlkoholkonsum gëtt mat 6 Kriibsaarten a Verbindung bruecht

Isabelle Henschen
Nom Tubakskonsum steet d’Drénke vun Alkohol op der 2. Plaz vun de Risikofacteure fir Kriibs.
Zweetheefegste Risikofacteur fir Kriibs
Alkoholkonsum gëtt mat 6 Kriibsaarten a Verbindung bruecht

D’Fondation Cancer baséiert sech op Fuerschungsresultater a seet, dass Alkoholkonsum mindestens 6 verschidde Kriibsaarte verursaache kann: am Mond, an der Speiseröre, am Hals, der Liewer, dem Daarm an der Broscht. Hir Recommandatioun ass et, den Alkoholkonsum ze reduzéieren oder, fir de Kriibsrisiko ze verréngeren, ganz drop ze verzichten. Sou steet et och am Europäesche Kodex fir d’Kriibs-Bekämpfung.

All Joer op en Neits am Januar maache weltwäit Leit bei der Initiativ “Dry January” mat. Och hei am Land heescht et wärend dem dréchene Januar keen Alkohol ze drénken. Dëst Joer hat d’Fondation Cancer eng digital Campagne mam Numm “Sober Buddy Challenge” op enger App an op der soziale Medie gestart.

D’Iddi war et, sech selwer an eng Frëndin oder Kolleeg ze motivéieren, fir wärend 31 Deeg näischt ze drénken. D’Zil war et, méi e Bewosstsinn fir den Alkoholkonsum ze kréien. 2.500 Persounen hätte sech fir dës 1. Editioun ageschriwwen an éischte Réckmeldungen no hätte 47% vun de Leit et gepackt, fir 1 Mount laang keen Alkohol ze drénken.

Weider Informatiounen zum Thema Alkohol a Kriibs an zum Sober Buddy Challenge fannt der bei der Fondation Cancer.

Éischten nationale Kriibsrapport

Net just Alkohol, och d'Fëmme bleift Haaptfacteur, fir Kriibs ze kréien an dofir misst een do och am Beräich vun der Preventioun eng Schëpp bäileeën. Bei 27% wier d'Erkrankung op den Tubak zréckzeféieren, seet den Dr Guy Berchem, President vum nationale Kriibsinstitut (INC).

"Et ass leider nach ëmmer sou, dass 1 Persoun vu 5 ongeféier hei zu Lëtzebuerg fëmmt. Wann een da kuckt, ee Beispill vu Prévention primaire, ass d'Ventilatioun vun de Chiffere vu Fumeure géint Non-Fumeuren a Fumeur occasionellen, do gesäit een effektiv, dass dat mam Alter an d'Luucht geet, mee dann awer och nees erofgeet, de Prozentsaz vu Leit déi fëmmen."

Kriibs ass eng Krankheet, déi virun allem eeler Mënsche betrëfft - bei de Männer haten 2013 méi wéi 70% vun de Persounen, bei deenen en Tumeur fonnt, méi wéi 60 Joer, bei de Frae 60%, sou d'Paulette Lenert.

"Mir wëssen, dass nach all Joer tëschent 2.000 an 3.000 Leit hei am Land nei u Kriibs erkranken, dat ass immens vill. Et ass och nach ëmmer déi 1. Doudesursaach bei de Männer, 2. bei de Fraen hei am Land."

E Phenomen, dat der Ministesch an dem President vum Kriibsinstitut Suerge mécht: verschidde Leit si wéinst der Corona-Pandemie nervös, fir en Depistage maachen ze loossen an och fir sech behandelen ze loossen.

Am Verglach zum leschte Joer hätt d’Situatioun sech zwar schonn nees e bësse berouegt, ma d’Pandemie wäert sou wuel e laangfristegen Impakt op d’Kriibsversuergung hunn.

Nationale Kriibsrapport
---automated---

Temoignage vun engem Kriibspatient aus der Zitha

Zanter enger Woch ass de Romain Müllenbach an der Zithaklinik. Um Stack vun der Onkologie. 2014 goung et fir de Romain an d'Pensioun, 5 Joer drop huet hien d'Diagnos Kriibs kritt. 2019 dunn, krut hien en Tumeur um Daarm ewech operéiert.

An der Zitha sinn 33 Better fir Kriibspatiente virgesinn, 26 sinn der aktuell besat. Et ass wichteg, Kriibspatienten iwwer den Impakt vum Covid-19 op hiert Krankheetsbild z'informéieren.

Kriibspatiente ginn als vulnerabel agestuuft. Dowéinst wär et wichteg, dës Patienten och sou séier ewéi méiglech géint de Coronavirus z'impfen.

Temoignage vun engem Kriibspatient aus der Zitha
67 Joer huet de Romain Müllenbach a säin Optimismus bleift ongebrach. 2019 krut hien d'Diagnos Kriibs.

Weltdag géint de Kriibs: Ronn 3.000 Kriibsdiagnose pro Joer zu Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO