EttelbréckAlkoholiséierten Automobilist kritt Verkéiersschëld a Rond-point ze paken

RTL Lëtzebuerg
2 Mol huet d'Police e Sonndeg den Owend missen intervenéieren, well Chaufferen ze déif an d'Glas gekuckt haten.

Géint 20.20 Auer koum et zu Ettelbréck zu engem Accident mat Materialschued am Rond-point Rue de Welscheid/Rue de Warken. Eng Persoun ass hei géint e Verkéiersschëld gefuer an huet sech doropshin aus dem Stëbs gemaach. De Chauffer konnt vun der Police ermëttelt ginn. Wéi sech erausgestallt huet, hat hien ze vill gedronk an huet säi Permis missen ofginn.

Ënner Alkoholafloss ënnerwee war och eng Persoun géint 18 Auer zu Gonnereng. Si gouf protokolléiert, duerft de Fürerschäin awer behalen.

Am Lokalen mellt de CGDIS méi en uergen Accident e Sonndeg den Owend kuerz no 17.30 Auer, um CR333, der Streck tëscht Tratten an Houfelt. Hei war en Auto vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt, eng Persoun gouf schwéier blesséiert. Nieft de Secouriste vu Wolz, Wëntger a Klierf, war och de Samu op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO