
Nodeems en Awunner extreeme Kaméidi vun engem Auto op der Strooss bei der Police gemellt huet, dee warscheinlech wuertwiertlech op der Felg géif fueren, gouf nom Auto säitens der Police gesicht.
An effektiv war dat viischt Rad vum Auto komplett futti an op der Strooss ware Schläifspuere festzestellen, déi drop higedeit hunn, dass d'Gefier aus Richtung Käerjeng koum a virun der Tankstell mat enger Verkéiersinsel kollidéiert ass. Virun engem Fast-Food Restaurant gouf dunn mëttels de Spuere festgestallt, dass et hei eng weider Kollisioun mat esou enger Verkéiersinsel gouf.
Den Alkoholtest war däitlech positiv, sou dass géint de Mann e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt gouf.