Stad LëtzebuergAlkoholiséiert Persoun huet géint Police-Beamte rebelléiert

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass de Virfall e Sonndeg den Owend um 18.20 Auer.
© RTL

An der Diddenuewener Strooss an der Stad war eng alkoholiséiert Persoun opgefall, dat well se am Gaange war Clientë vun enger Tankstell ze belästegen an ze beleidegen huet. Wéi d'Police op d'Plaz koum, war dës Persoun awer scho verschwonnen. E wéineg méi spéit huet d'Police de Mann awer dunn entdeckt: Hie louch op enger Bushaltestell ze schlofen.

De Mann hat massiv ze vill gedronk a konnt net richteg op senge Bee stoe bleiwen. D'Beamten hunn doropshin decidéiert, de Mann fir seng an deenen anere Leit hir Sécherheet mat an d'Ausniichterungszell ze huelen.

Um Wee an d'Spidol ass de Mann am Police-Auto ausgeflippt, huet ronderëm sech geschloen an d'Beamte beleidegt. Am Spidol huet sech den Zoustand net verbessert, déi alkoholiséiert Persoun ass ëmmer méi aggressiv ginn. Hien huet refuséiert e Mask unzedoen an huet och versicht op d'Beamten ze späizen. Nodeems den Dokter passéiert war, koum de Mann an Arrest. Dobäi huet hien sech awer massiv gewiert, huet eng Beamtin ugegraff an huet probéiert aus senger Zell fortzelafen. Et blouf awer just beim Versuch, de Mann gouf wéinst Rebellioun géint Beamte protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO