Ee vun de Riedner war de Steieraffekot an Unisprofesser Alain Steichen. Fir den Expert ass kloer, datt eng Reform vum Steiersystem net néideg ass, fir datt d'Staatsfinanzen an der Rei sinn. Mee mat Bléck op d'Steiergerechtegkeet, do wär et awer un der Zäit, esou eng Reform ze maachen.
An der Diskussioun iwwert d'Fro, ob Lëtzebuerg eng Steierreform brauch, soll een net vergiessen, datt d'Inegalitéite weider wuessen, respektiv den aktuelle Steiersystem dës Entwécklung och nach verstäerkt. Fir den Direkter vun der Chambre des salariés, de Sylvain Hoffmann, dierft et net méi sinn, datt d'Salairë vill méi besteiert gi wéi Kapitalerträg. Dat wär einfach net méi haltbar.
D'Steieren an domadder d'Debatt iwwer méi Steier- a Sozialgerechtegkeet bleift also an der Diskussioun, och wann eng Reform an dëser Legislatur jo net méi soll kommen.