
Eng Persoun hat eng Schnëttverletzung op der Schëller a gouf vun der Police versuergt bis de Rettungsdéngscht op der Plaz war. Deen anere Mann war nom Ugrëff a Richtung Rue Boltgen geflücht. Et gouf eng Sichaktioun lancéiert.
Wéi d'Police präziséiert, gouf den Täter an de fréien Owesstonnen zu Esch ermëttelt. E Messer gouf sécher gestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.