17 NohaltegkeetszilerAgenda 2030: Broschür mat Rotschléi presentéiert

RTL Lëtzebuerg
Och Lëtzebuerg wëll sech nohalteg entwéckelen. D’Grondlag dofir soll den 3. nationale Plang fir nohalteg Entwécklung liwweren.
Agenda 2030: Broschür mat Rotschléi presentéiert
Och Lëtzebuerg wëll sech nohalteg entwéckelen. D’Grondlag dofir soll den 3. nationale Plang fir nohalteg Entwécklung liwweren.

Bei dësem Plang geet et ëm een nationalen Beitrag beim Ëmsetze vun der Agenda 2030 vun der Vereente Natiounen fir nohalteg Entwécklung.

Lëtzebuerg konzentréiert sech op 10 Ziler ewéi ënnert Klimaschutz, Mobilitéit an nohalteg Produktioun.

An deem Zesummenhang huet den Ëmweltministesch Carole Dieschbourg e Guide mat Rotschléi presentéiert.

D’Vereenten Natioune wëllen d’Welt mat der Agenda 2030 méi nohalteg maachen. Dat mat 17 Nohaltegkeetsziler. Lëtzebuerg fokusséiert sech op 10 vun deenen Ziler. Ënnert anerem op de Klimaschutz, d’nohalteg Mobilitéit an déi nohalteg Produktioun. An deem Kontext, huet den Ëmweltministère eng Broschür, mat Iddien, déi un de Grand Public geriet sinn, virgestallt.

Een vun den 10 Lëtzebuerger Ziler betrëfft de Klimaschutz. Bis 2030 sollen d’CO-Emissiounen zu Lëtzebuerg ëm 55 Prozent an den Energieverbrauch ëm 44 Prozent reduzéiert ginn. Donieft soll den Undeel un erneierbaren Energien bis 2030 bei 25 Prozent leien. Dës Mesuren stinn dann och am Klima- an Energieplang.

E weidert grousst Thema ass déi nohalteg Mobilitéit. 69 Prozent vun den Deplacementer zu Lëtzebuerg gi mam Auto zréckgeluecht. Dowéinst ass et d’Zil den ëffentlechen Transport, d’Elektromobilitéit, grad ewéi déi aktiv Mobilitéit nach besser ze promouvéieren. Rezent gouf dann och vill an besser Infrastrukturen investéiert.

D’Zil ass, datt sech Lëtzebuerg an Zukunft méi gerecht a méi nohalteg entwéckelt. Déi nei Broschür ass ënnert anerem op den Internetsäiten emwelt.lu  an agenda2030.lu disponibel.

Back to Top
CIM LOGO