Stau léisst sech opAccident op der A1 virum Tunnel Houwald geraumt

Samantha Weber
E Méindeg de Moie koum et op der A1 Richtung Gaasperech kuerz virum Tunnel Houwald zu engem Accident, deen nawell fir vill Stau gesuergt huet.

Nom Accident kuerz virum Tunnel Houwald op der A1 gouf et e Réckstau vu 6 Kilometer bis bei d'Jonctioun Gréngewald. D'Iwwerhuelspuer war dem Trafic-Info no géint 9:30 Auer nees opgaangen an de Verkéier koum nees lues a lues un d'Rullen. Géint 10:44 Auer koum dunn d'Entwarnung vum CITA, datt den Accident geraumt wier an de Stau sech opléise géing.

Den ACL huet den Accident eng éischte Kéier géint 8:42 Auer gemellt. Wéi mir vun der Automobilistin gewuer goufen, déi an den Accident involvéiert war, war den Accident awer scho virun 8:30 Auer geschitt. Géint 8:46 Auer hat de CITA gemellt, datt de CGDIS op der Plaz war. Dee Moment gouf et scho 4 Kilometer Stau.

Géint 9:32 Auer war et dann d'Meldung, datt d'Iwwerhuelspuer nees op wier an de Verkéier nees lues géing rullen. Eng Stonn méi spéit war den Accident dann och geraumt.

Vun der Plaz hate mir d'Informatioun kritt, datt eng Persoun liicht blesséiert fir eng Kontroll an d'Spidol koum. Och hei huet d'Automobilistin eis preziséiert, datt si zesumme mat hirer Duechter an d'Spidol koum.

Back to Top
CIM LOGO