
Kuerz no 13 Auer koum et e Samschdeg an der Route de Thionville zu Bouneweg zu engem Accident tëscht zwee Autoen. 3 Persoune goufen hei blesséiert.
Ee weider Accident mat engem Auto gouf et géint 13.10 Auer zu Schëffleng an der Avenue de la Libération. 1 Persoun huet Blessuren dovunner gedroen.
Kuerz no 12 Auer goufen dann och nach zwee Cyclisten ugestouss. Dëst war eng Kéier zu Hemstel de Fall an eng Kéier zu Bartreng. Hei gouf et am Ganzen 2 Blesséierter.