
Éischten Informatiounen no waren déi onbekannten Täter iwwert de Balcon an d'Haus erakomm. Méi ass net gewosst. D'Police ermëttelt.
E weideren Abroch gouf et e Freideg am Nomëtteg um Belair.
Alkohol um Steier
Kuerz no 2 Auer an der Nuecht op e Samschdeg gouf eng Policepatrull an de Géigend vun de rBleesbréck op e Gefier opmierksam, dat am Zickzack"ënnerwee war. Bei der Iwwerpréiwung huet sech de Verdacht verhäert, dass de Chauffer gedronk hat. Den Otemtest war positiv, de Permis agezunn an den Auto sécher gestallt.
Och zu Monnerech krut en Automobilist géint 23.30 Auer wéinst Alkohol hannert dem Steier de Fürerschäin ewechgeholl.