D'Woch op RTLAbriecher an der Wunneng vum Prënz Guillaume a Verkaf vun der BIL deit sech un

RTL Lëtzebuerg
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
© RTL Grafik

Abriecher a Wunneng vum Prënz Guillaume

Den 8. Mäerz gouf zu Conter an eng Wunneng agebrach. RTL-Informatiounen no soll et sech dobäi ëm d’Wunneng vum Prënz Guillaume, dem Brudder vum Groussherzog Henri handelen. Dobäi goufe wuel Konschtobjeten a Bijouen, déi der groussherzoglecher Famill gehéieren, geklaut. Antëscht huet d’Police dann och en Zeienopruff wéinst engem Abroch zu Conter rausginn, huet dobäi allerdéngs net preziséiert, wiem d’Wuneng gehéiert.

BIL soll verkaaft ginn

Déi eelste Lëtzebuerger Privatbank, d’BIL, soll verkaaft ginn. Déi chineesesch Legends Holding, déi 90 Prozent vun de Parten un der Bank hält, soll Goldman Sachs gefrot hunn, e Keefer fir dës ze fannen. Wat dat fir d’Bank selwer an och d’Cliente bedeite géif, kënnt Dir hei noliesen.

D'Woch op RTL vum 28. Mäerz 2025
Abriecher an der Wunneng vum Prënz Guillaume a Verkaf vun der BIL deit sech un.

Depensë vum Haff

Fir vill Diskussiounen hunn dës Woch och d’Depense vum groussherzoglechen Haff gesuergt. Dës goufen e Méindeg an zwou Chamberkommissiounen op de Leescht geholl. D’Oppostioun kritiséiert ënner anerem, dass et keng kloer Trennung tëscht den ëffentlechen an de privaten Ausgabe vun der Famill géif. De Premier Frieden gesäit dem Ament allerdéngs kee Grond fir direkt Ännerungen um Haff.

Spiral-Muster um Nuetshimmel

An der Nuecht op en Dënschdeg war eng wäiss-bloelzeg blénkeg Spiral um Lëtzebuerger Nuetshimmel ze gesinn. Wat spektakulär ausgesinn huet, hat awer wuel eng zimmlech banal Erklärung. Wéi verschidde Medie mellen, kéint et sech ëm Reschter vu Sprit vun enger Rakéit handelen, dee fräi an der Atmosphär rotéiert ass. Warscheinlech stamen dës vun enger SpaceX-Rakéit.

Skurrille Grond fir futtis Rout Luuchten

Zanter Januar sinn d’Rout Luuchten zu Housen bei der Kierch an op der Houschter Déckt en Panne. Ma wärend zu Housen en normale Kuerzen de Grond fir d’Panne ass, ass de Grond, firwat d’Luuchten op der Houschter Déckt net ginn, méi skurril. Wéi de Buergermeeschter Romain Wester eis erkläert huet, wiere Schlécken an d’Luucht era gekroch an hätten e Kuerzschloss ausgeléist.

Primm “chef de famille” och am Privatsecteur?

E Mëttwoch gouf eng Petitioun, an där gefuerdert gëtt, dass d’Allocation de Famille, déi Staatsbeamte kréien, wa si d’Charge vun hire Kanner hunn, och am Privatsecteur agefouert gëtt. Wärend dem Debat huet d’Petitionärin dann och erkläert, dass de Staat dës sollt ausbezuelen. Eppes wat esou net ëmzesetze wier, wéi den Aarbechtsminister Mischo erkläert huet. Dës Aschätzung gouf och vun der Präsidentin vun der Petitiounskommissioun, der Francine Closener gedeelt.

Biller vum Prënz François sengem zweete Gebuertsdag

De Prënz François krut en Donneschdeg zwee Joer. Hei kënnt Dir d’Fotoe vun der Gebuertsdagsfeier kucken.

Caritas-Spezialkommissioun: Marie-Josée Jacobs gesteet eege Feeler an a kritiséiert d’Banken

Déi fréier Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Caritas stoung e Méindeg den Deputéierten an der Caritas-Spezialkommissioun vun der Chamber Ried an Äntwert. Wéi et duerno vum President vun der Kommissioun, dem Charel Weiler, geheescht huet, wier d’Marie-Josée Jacobs an hiren Aschätzungen bis zu engem gewësse Grad duerchaus selbstkritesch gewiescht. Si hätt awer och net mat Kritik un de Banke gespuert.

Back to Top
CIM LOGO