Uechtert d'LandAbréch, Poubellen a Brand an eng Partie Kläppereien

RTL Lëtzebuerg
D'Pompjeeën haten an der Silvesternuecht manner wéinst Accidenter misse geruff ginn, mä vill méi wéinst enger Hellewull vu Bränn, déi gemellt goufen.
© Police

Zu Rodange an zu Dummeldeng huet et jeeweils an engem Appartement gebrannt. An 8 Mol hunn d'Corpse missen erausfueren, well entweder Poubellen oder Offäll gebrannt hunn. Zwee Mol gouf e Feier an der Silvesternuecht op Felder gemellt. Ee Mol um Belair an eng Kéier zu Nidderkuer.

Kläppereien

Och d'Police huet e puer Mol missen agräifen. An der Stad, zu Rodange an zu Keel goufe Kläppereie gemellt. Blesséiert gouf bei den Ausenanersetzungen awer keen.

Abréch

Profitéiert vu Silvester hunn och Abriecher um Houwald, déi sech Zoutrëtt zu Haiser verschaaft hunn. Donieft gouf och zu Heeschdref agebrach. Déi Onéierlech sinn duerch eng hënnescht Fënster an d'Haus komm an hunn do alles duerchwullt. Zeie solle sech bei der Police ënnert der Nummer 244 901 000 mellen.

Alkohol um Steier

Zwee Mol hunn d'Beamten an der Nuecht op e Mëttwoch Fürerschäiner agezunn. Dat zu Leideleng an eng Kéier zu Ierpeldeng bei Dikrech, wou ee Mann mat de Pharen ënnerwee war. Hien hat ze vill gedronk a krut de Fürerschäin op der Plaz ewechgeholl.

Back to Top
CIM LOGO