PoliceAbréch an 3 Bäckereien a Leit, déi ze vill gefeiert hunn

RTL Lëtzebuerg
Zu Mamer an op der Cap ass um Samschdeg den Owend tëscht 19.30 an 20.45 Auer direkt op 3 Bäckereien agebrach ginn.
© RTL-Archiv

Déi Onéierlech hunn d'Suen aus der Kees, e Safe an Zigarette geklaut.

Donieft haten Déif et och op 5 Wunnengen ofgesinn, an der Rue Marie-Adelaide zu Hollerech, an der Route de Burange zu Diddeleng, an der Uelzecht Strooss zu Esch, an der Cité Henri Grey zu Déifferdeng, an um Schlassgewan zu Schraasseg.

An de meeschte Fäll goufen hei Bijouen, Wäertobjeten a Boergeld matgeholl.

24 Mol agegraff, well ze haart gefeiert

D'Beamten hu missen zu Diddeleng (2x), Walfer, Déifferdeng, Märel, Esch/Uelzecht (5x), Haassel, Péiteng (2x), Capellen, Bartreng (3x), Izeg an an der Stad (6x) fir Rou suergen.

Gréisstendeels waren d'Konflikter Noperen oder Clientë vu Lokaler zouzeschreiwen. An 3 Fäll hu misse Jugendlecher berouegt ginn, déi Kaméidi gemaach hunn, wéi si duerch d'Stroosse gaange sinn.

An engem Fall huet d'Police missen ee Protokoll ausstellen, wéinst engem Noper, dee sech net berouege wollt.

Back to Top
CIM LOGO