An der Lescht heefe sech d'Fäll. Mobbing wär keng Raritéit, et géif et a ville Betriber ginn an et wär den erkläerte Wëlle vun der Regierung, nach viru Joresenn ee Projet fir e Mobbing-Gesetz virzeleeën, sou den Dan Kersch.
"Zil vum Gesetz muss et sinn, fir Mobbing an de Betriber kleng ze kréien, well et eng Aart a Weis ass, déi ganz vill Problemer schaaft. Menger Meenung no souguer dem Betrib selwer. Anerersäits natierlech de Leit, déi betraff sinn, déi krank ginn, heiansdo souguer an de Suicide gedriwwe ginn. Dat si Saachen, déi an enger moderner Gesellschaft net ze toleréiere sinn. Dofir ass et wichteg, dass mer eng legislativ Basis schafen, fir deem entgéint ze wierken."
Legislativ Basis, déi wëll de Minister zesumme mat der Chamber diskutéieren, nodeems e Mëtt August vun der Mobbing asbl - engem spezialiséierten Interlocuteur also - en Avant-Projet virgeluecht krut.
Vun de rezente Fäll wësse mer just ee Brochdeel, heescht et do. Et misst eng Analys gemaach ginn. Mobbing wär ganz villsäiteg, erkläert d'Magdalena Mida, Directrice vu Mobbing asbl.
"Meeschtens geet Mobbing ganz lues un, et kritt een net Moien gesot, et gëtt een ignoréiert, et kritt ee keng Informatiounen, eventuell kritt een ze vill Aarbecht oder net genuch Aarbecht. Da geschéien op eemol Gerüchter an da geet dat weider. Da geschéie Menacen, Isolatioun. Am Fong schwätze mer vu perséinlechen Attacken, déi repetitiv geschéien, mat System an iwwert eng laang Zäit. Dat ass d’Definitioun vu Mobbing."
Mobbing geschitt meeschtens vun uewen erof, heescht et nach, net vum ieweschte Patron, mä deenen drënner: Manageren, Supervisoren, Direkteren.
Beim Chem gouf en externen Audit iwwert d'Doleance vun de Mataarbechter ugekënnegt a beim Kräizbierg versprécht de Verwaltungsrot esou séier wéi méiglech d'Problemer ze léisen. Bei Novélia iwwerdeems gouf direkt reagéiert an eng Enquête lancéiert, wou jidderee mat senge Kloe soll gehéiert ginn. Eng Enquête, déi eisen Informatiounen no net méi laang soll dauere wéi 3 Wochen.
Bei Novélia: E Klima vun Angscht, ausgeléist duerch Mobbing an Harcèlement
Zanter Méint gemobbt: 20 Mataarbechter vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch kloen
Mobbing am Chem: Wuelbefanne vu Mataarbechter ass eis wichteg, esou de Verwaltungsrot
Affär Chem: "Mix aus geziiltem Mobbing an allgemengem Mismanagement"
Sanktiounen, Menacen, Personalmanktem: Mëssstänn an der Fondatioun an an den Ateliere vum Kräizbierg
Fondatioun Kräizbierg: Aktuell Situatioun gëtt vun onofhängegem Expert evaluéiert
Konflikter um Kräizbierg: Verwaltungsrot sicht no Léisungen, Personal schwätzt vu Vertrauensbroch
"Contacto" mellt: Fäll vu Mënschenhandel an Zwangsaarbecht bei HP Construction