
Wéi d'Police en Donenschdeg mellt, huet den Aarbechter op enger Stee an enger Héicht vun 2,50 Meter geschafft, wéi dës aus nach net gewosste Grënn ëmgefall ass. De Mann ass mat der Stee an d'Déift gefall a koum liewensgeféierlech blesséiert an d'Spidol.
D'ITM gouf informéiert an op Uerder vum Parquet gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geruff.