
Den Organisateur war opgefuerdert e Konzept ausschaffen, an deem d'Gesondheet an d'Wuel vum Déier garantéiert ginn, fir datt d'Hondsausstellung 2019 an de beschtméigleche Konditiounen ofgehal ka ginn.
Et sinn dann och eng Rei Consignen am Schreiwes um Samschdeg, wéi Kontrolle vu Leit vun der Federatioun mam Sécherheetspersonal, d'Verdeele vun ofschreckende Flyer iwwer de Verbuet, Déieren am Auto ze loossen an der Annonce, datt d'Police ronderëm d'Gebai fiert.
Déi Leit, déi bei der 97. Editioun mat hirem schlechte Behuelen opgefall sinn, goufe gespaart.
De Landwirtschaftsministère hat decidéiert, datt d'Organisateure vun der Hondsaustellung keng kuerzfristeg Autorisatioun méi kréien, fir sou eng Foire an der Luxexpo z'organiséieren.
Bei der leschter Editioun hat d'Police zwee Hënn aus engem Auto gerett, an deem d'Fënsteren zou waren. D'Déieren waren iwwert eng länger Zäit agespaart an haten näischt z'iessen.
Spektakulären Handy-Video: Déierequäler iwwerrennt bal Zeien
Keng Dogexpo 2018, wann net méi a besser kontrolléiert gëtt
Déierequälerei bei Dog-Expo: No grousser Kritik - Den Organisateur reagéiert