Immigratioun91 Persounen hunn am August eng Asyldemande gemaach, déi meescht vu Syrer

RTL Lëtzebuerg
Am August koumen am Ganze 91 Demandë fir Protection internationale eran, 4 manner wéi de Mount virdrun. 25 Demandë koume vu Leit aus Syrien.

Bis Enn August hunn am Ganze 628 Mënschen international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot gehat. Zejoert waren et der bannent där Zäit méi wéi duebel sou vill. Am Mount Abrëll, wärend dem Confinement also, hu grad emol 10 Leit eng Demande gemaach, 4 Méint méi spéit sinn et der deemno iwwer 200 méi.

D'Asyldemandeure komme virun allem aus Syrien, Eritrea, dem westafrikaneschen Guinea-Conakry, Irak an aner Länner.

Fir dëst Joer goufe schonn 1.029 Decisioune geholl. 531 Mënsche kruten de Statut vum Refugié unerkannt, e bësse méi wéi d'Hallschent also.

Transferten am Kader vum Dublin-Reglement goufen et der 56. Déi meescht a Richtung Däitschland, Spuenien a Frankräich. 36 Leit koumen am Kader vun där Prozedur op Lëtzebuerg.

Dëst Joer goufen et 52 Retoure vu Lëtzebuerg erfort, dovu waren der 36 fräiwëlleg a 16 forcéiert.

PDF: Schreiwes vun der Direction de l'immigration

Back to Top
CIM LOGO