
Déi aktuell Kris am Mediesekteur, mat engem Réckgang vun den Annoncë wéinst der Coronapandemie, géinge gréisser Mesuren erfuerderen. Beim Editeur Saint-Paul, dem Mammenhaus vum Lëtzebuerger Wort, kënnt et dowéinst elo zu engem Sozialplang fir 80 Aarbechtsplazen. Dovu betraff si souwuel d'Aktivitéite vu Saint-Paul Luxembourg S.A., wéi och régie.lu S.A.
Wéi RTL gewuer ginn ass, gouf d'Personal en Donneschdeg de Moie via eng Skype-Informatiounsversammlung vum Generaldirekter Paul Peckels an d'Bild gesat.
An engem interne Schreiwes argumentéiert d'Direktioun, datt ee sech duerch d'Ausmooss vun der aktueller Kris a virun allem déi mëttel- a laangfristeg Perspektiven gezwonge gesäit, fir Mesuren ze huelen, fir d'Rentabilitéit z'erhalen. Tëscht Mäerz a Mee dëst Joer huet regie.lu an Saint-Paul Lëtzebuerg e puer Milliounen Euro beim Ëmsaz agebéisst. Eng Perte, déi an de Méint duerno net hätt kënne kompenséiert ginn. Saint-Paul wëll elo prioritär op dat Digitaalt setzen.
Viru 5 Méint war annoncéiert ginn, datt den europäesche Mediegrupp Mediahuis de Grupp Saint-Paul vum Bistum opkaaft huet. D’Verhandlunge fir de Sozialplang fänken den nächste Méindeg un. Am Ganze beschäftegt Saint-Paul 336 Leit.
No der Annonce, dass beim Editiounshaus Saintt-Paul eng 80 Aarbechtsplaze solle gestrach ginn, solidariséiert sech d’ALJP, d’Associatioun vun de Lëtzebuerger Beruffsjournalisten, mat hire Kolleege vun de betraffene Medien.